Mir sinn eng Equipe vun 11 motivéierten a Partei-politesch onofhängege Leit.
Dat ass fir Iech, léif Gemengenawunner, de Garant fir eng ausgeglache Gemengepolitik. Mir sätzen eis an, datt all d’Awunner an der Gemeng ënnert beschte Konditiounen zesumme liewe kënnen, well mir kucken net no Parteikaart, Relioun, Nationalitéit oder Hautfaarf.
Wann haut d’Gemeng Fréiseng dat ass wat se ass, dann nëmmen duerch den Asaz an d’Ënnerstëtzung vun der „Equipe“ ronderëm den aktuelle Buergermeeschter Roger Beissel an och seng Virgänger Claude Wiltzius a Gaston Gibéryen.
All déi wichteg souwéi modern Projeten an Infrastrukturen konnten nëmme realiséiert ginn, well d’Léit vun der Equipe wärend deene läschte Legislaturperioden déi néideg Wäitsiicht a Responsabilitéit haten an de Budget mat hirer Stëmm gedroën hunn, fir all dës Realisatiounen ze finanzéieren.
Dës Equipe huet net nëmmen an der Vergaangenheet bewisen datt se villes bewierken a realiséieren kann, mä och an Zukunft sätzt sech Är Equipe an, fir eng fortschrëttlech Gemengepolitik.
Mir sätzen eis als Idealiste fir d’Wuel vun der Fréisenger Gemeng an.




